Bei den Haapt-Contenu sprangen
Fallstudie

CMCM Paperkite

ux design, ui design, entwécklung

  • Agence

    Lightbulb

  • Client

    CMCM

D‘Erausfuerderung

Digitaliséierung a Vereinfachung vun allen internen Aarbechtsprozesser vun der CMCM mat engem moossgeschneiderten Outil fir d’Mataarbechter.

 

De Projet

D’Zil war et, eng moossgeschneiderten Softwareléisung z’entwéckelen, déi der CMCM erlabe sollt, all intern Aarbechtsprozesser op eng zukunftssécher an digital Mannéier ze verwalten. Besonnesch Ufuerderunge goufen et beim Ëmgang mat Donnéeën, Kommunikatioun mat Clienten an der Verbindung mat Drëtt-Servicer geholl. D’Software ass op d’Bedürfnisser vun de Mataarbechter zougeschnidden.

Ëmfang vun der Aarbecht

  • UX Design

    • Benotzungsfäll
    • Informatiounsaarchitektur
    • Prototypentwécklung
  • UI Design

    • Style guide
    • Interface Design
  • Entwécklung

    • Moossgeschneiderte PDF-Generateur an -Editeur
    • API Datenaggregatioun
    • Symfony Integratioun

Krittären a Benotzungsfäll

Virun der Opsetzung vun der Informatiounsarchitektur vun der Software, goufen all Ufuerderungen a méiglech Prozesser op Basis vun Benotzungsfäll definéiert. All Resultater goufen an enger ëmfassende Dokumentatioun fir all Interesséiert festgehalen.

Dokumenteverwaltung

Eise System erliichtert d’schnell Verdeelung vun Dokumenter tëscht Mataarbechter, fir en effiziente Aarbechtsflux sécherzestellen. Automatesch a manuell Kontrollen sinn integréiert, déi ëmfassend Qualitéitskontrollmechanismen bidden. Wann Dokumenter eropgeluede ginn, ginn dës fléissend an Aufgaben am System iwwersat. Dës Aufgaben ëmfaassen eng Rei vun Operatiounen, wéi zum Beispill Remboursementer a Memberverwaltung. D’Resultat ass e kohärent an effizient digital Environnement, dat der CMCM erlaabt, hir intern Prozesser mat Präzisioun an Liichtegkeet ze geréieren.

Support Messages

Ganz egal iwwer wéi en Kanal d’Mataarbechter Froë kréien, analog oder eng vun de digitalen Optiounen, kënnen d’Mataarbeschter elo all zentral iwwer Paperkite verschaffen. Fir d’Froën déi heefeg gestallt ginn, stinn ënnerschiddlech Templates zur Verfügung, ofhängeg vum Département, fir de Prozess ze beschleunegen.

Saisie rapide

D’Funktioun “Saisie rapide” bitt de Mataarbechter d’Méiglechkeet, all relevant Donnéeën vu analoge Dokumenter effizient an den digitale System z’iwwerdroën. Automatesch Kontrollen, déi u verschidden Dokumentekonditiounen ugepasst sinn, beschleunegen de Prozess. An enger zweeter Phas wäert d’Integratioun vun engem OCR dës Aufgab weider vereinfachen.

 

Back

Nächste Projet

Websäit Gemeng Walfer