Bei den Haapt-Contenu sprangen
Fallstudie

Websäit Gemeng Walfer

digital tools, webdesign, ux design, entwécklung

  • Agence

    Lightbulb

  • Client

    Gemeng Walfer

  • Produit online

D’Erausfuerderung

Opbau vun enger digitaler Plattform vun enger vun de gréisste Gemengen vu Lëtzebuerg mat Integratioun vun digitalen Tools fir d’Bewunner vun der Gemeng.

De Projet

Déi komplex Agenda, Quick-Links a strukturéiert Presentatioun liwweren all Informatioun am Detail a responsive op all Apparater.

Mat dësen digitalen Mëttelen optiméiert a konsolidéiert de neie Site déi administrativ Aarbecht a fördert d’Zesummenaarbecht mat den Awunner vun der Gemeng.

Ëmfang vun der Aarbecht

  • Digital Tools

    • Schoul-Aschreiwunge sinn iwwer en online Formulaire méiglech.
    • Den Agenda gëtt vun den Organisateure co-geréiert, déi d'Informatioun an den Agenda aspeise kënnen.
    • D'Infrastrukture vun der Gemeng kënnen online op der Websäit reservéiert ginn.
  • Webdesign

    • Eng nei digital grafesch Identitéit gouf erstallt, baséiert op dem Logo vun der Gemeng.
  • UX Design

    • All relevant Informatioune sinn op ee Bléck op der Homepage ze gesinn.
  • Entwécklung

    • Baséiert op WordPress, ass d'Manipulatioun am Backend ganz intuitiv an de Site ass flexibel ouni u Sécherheet an Zouverlässegkeet anzebéissen.

Alles op e Bléck

D’Informatiounsplattform bitt all relevant Informatioun op ee Bléck déi fir d’Awunner informativ an entspriechend och ressourcëschounend ass fir d’Gemengepersonal.

Personaliséiert Symboler an Illustratiounen

De Charme an d’Gefill vun der Gemeinschaft vun der Gemeng gi mat personaliséierten Ikonen a Symboler ënnerstrach.
International a liicht verständlech, droen des zur Kloerheet vum Site bäi.

De neien Agenda: en zentralt Instrument fir d'Gemeng

Kloer Presentatioun vun den detailléierten Informatioune dank engem professionellen an interaktiven Agenda, dee vun der Gemeng geréiert gëtt.

Engersäits kënnen d’Organisateure vun Eventer Informatioun bäisetzen an op där anerer Säit kënnen d’Awunner Eventer an hire perséinleche Kalenner exportéieren.

FAQs an How to's

Effizient an informativ liwwert d’Plattform komplett Informatioun iwwer d’Gemeng, ergänzt mat Informatioun an engem FAQ Beräich fir dacks gestallte Froen.

Back

Nächste Projet

Den Escher Blog