Wat mir ubidden

Mir bidden alles vu Websäiten an Online-Shoppen iwwer mobil Applikatioune bis hin zu moossgeschneiderten internen Outilen. Am Laf vun de Joeren hu mer un enger breeder Palett vu Produite geschafft an een ëmfangräicht Wëssen iwwer digital Servicer entwéckelt.
Digital Erliefnesser
Mir kënnen einfach a mir kënne verréckt Saache maachen. Mir kënne „kreativ“ oder „corporate“ sinn. Wéi ee Stil am beschte bei Är Bedierfnisser passt – dat ass de Stil, deen Dir kréie wäert.
Wärend Är aktuell oder potenziell Clienten Är Websäit oder App entdecken, solle se sech esou wuel ewéi nëmme méiglech spieren. Dir kennt de Sproch – en zefriddene Client ass déi bescht Geschäftsstrategie! Dofir ass eng intuitiv Benotzererfarung de Schlëssel, fir de Benotzer ze weisen, dass se wëllkomm sinn an, dass Dir wëllt, dass se bleiwen.
An dësem Zesummenhank ass den „Design“ just een Deel vum Bild. Mir wëllen Erliefnesser schafen, déi net just schéin unzekucken, mee och gutt strukturéiert a benotzerfrëndlech ze notzen, sinn.
Innovativ Solutiounen
De Web ass vaste, a mir verstinn, dass eis Cliente wëllen, dass hir Websäit opfälleg an eenzegarteg ass. Vum Konzept bis zur Fäerdegsstellung wäerte mer deen Aspekt ëmmer am A behalen wärend mer eis op de Kär vum Projet konzentréieren.
Innovatioun bedeit net, d‘Rad nei ze erfannen. Mee hey – d‘Rad ka vläicht méi leeschte, wéi ursprénglech virgesi war! A genee dat ass den Usaz, dee mir gäre verfollegen, bei allem, wat mir maachen.
Dir wäert gesinn: Am Design kann Innovatioun zum Beispill eppes esou Onopfälleges si wéi eng kleng Animatioun, déi en Interface méi intuitiv mécht, ouni d‘Erliefnes vum Benotzer ze stéieren.
UX Design
Mir si professionelle Vollblut-Ästheeten, déi grousse Wäert op Detailer leeën – heiansdo e bëssen ze vill benzeg – dat stëmmt, mee mir striewen no Perfektioun duerch Exzellenz.
Ob Dir eng komplett verréckten Iddi grafesch ëmsetzen oder Iech mat engem méi soberen a kommerziellen digitalen Optrëtt presentéiere wëllt, eis Designer*innen a UX-/UI-Expert*innen erstellen e komplett graphescht Konzept, dat op Är Bedierfnesser an Erwaardungen zougeschnidden ass.
Eis dreiwend Kraaft ass et, d‘Grenzen ze erweideren, fir héichmodern digital a graphesch Léisungen op internationalem Plang ze schafen.Entwécklung op Mooss
Vun einfache Websäite bis zu komplexe Web-Applikatioune betruechte mir Entwécklung als eng Form vu Konscht. De Code fir all Projet gëtt an déi perfekt Form modelléiert, bis en de Wënsch an Erwaardunge vun eise Clienten erfëllt.
Esoubal Äre Projet e Stadium erreecht huet, an deem Dir en an Aktioun ëmsetze wëllt, schreift eis eng Noriicht! Mir hunn déi néideg Ressourcen, fir Iech bei der Ëmsetzung ze hëllefen. Mir sinn op d‘Entwécklung vu Web-baséierte Léisunge spezialiséiert – vu klenge Sitte bis zu groussen Applikatiounen.
Allgemeng schaffe mir am léifste mat bekannte „Content-Management-Systemer“ (CMS), wéi WordPress oder Drupal. Fir komplex Projete schaffe mir ganz gäre mam Symfony-Framework. Déi vun eis entwéckelt Frontends baséieren op der moderner JavaScipt-Versioun ES6 an Outile wéi Vue.js.