Bei den Haapt-Contenu sprangen
Fallstudie

Butzemillen

design, entwécklung

  • Agence

    Lightbulb

  • Client

    Butzemillen Crèches et Foyers de jour

  • Produit online

Briefing

Mir sollten d’Websäit vu Butzemillen – engem Grupp, dee Crèchen a Foyers du Jour zu Lëtzebuerg bedreift – nei gestalten. Ausserdeem sollte mer e puer nei Funktiounen entwéckelen, wéi en Online-Fotoservice an e personaliséierte Kalenner an deem d’Elteren d‘Présence-Zäite vun hire Kanner op eng einfach Manéier kënnen androen.

D’Erausfuerderung

Butzemillen ass e Grupp mat ambitiéise Pläng. Si hu mat e puer Crèchen a Foyeren ugefaangen, a si séier zu engem vun de gréisste Gruppen zu Lëtzebuerg gewuess. Beim Entwerfen an der Entwécklung vum Site hu mir virsiichtegerweis alles skaléierbar a personaliséierbar gehalen, fir dem zukünftege Wuesstem gerecht ze ginn.

Ëmfang vun der Aarbecht

  • Design

    • Verspillt
    • Strukturéiert
    • Lëschteg
  • Entwécklung

    • WordPress-Site verlinkt mat engem internen CRM.

Design

Déi nei Websäit fir Butzemillen brauch e spillereschen a faarwegen Design ouni ze kannereg ze sinn, well eise Publikum net d’Kanner sinn déi accueilléiert ginn, mee hir Elteren.

Ariichtungen

Et war wichteg eng individuell Presentatioun vun all Crèche a Foyer de jour ze hunn, besonnesch déi eenzel Méiglechkeeten op der Plaz. All Teammember gëtt och individuell no Ariichtung presentéiert. Eng individuell Kaart weist genee wou d’Installatioun läit.

Kalenner

Am Beräich fir d’Elteren ass d’Häerz vun deem ganzen en interaktive Kalenner, deen et den Elteren erlaabt, hir Kanner fir déi verschidden Deeg a Stonnen ze registréiere zu deene se déi jeeweileg Struktur besichen. Verschidde Formullen, méi Flexibilitéit an ënnerschiddlech Stonnenzuele pro Woch waren eng zousätzlech Erausfuerderung.

Ausserdeem hunn d’Elteren d’Méiglechkeet, ze präziséieren, ob d’Kanner op hir Sporttraininge sollen transportéiert ginn.

Fir d‘Aschreiwung esou einfach wéi méiglech ze maachen, kënnen d’Elteren de Plang vun hirer aktueller Woch op déi folgend kopéieren, oder esouguer Virlagen erstellen, déi reegelméisseg weiderbenotzt kënne ginn, wann d’Elteren beispillsweis a Schichte schaffen.

 

 

Fotosgalerie

De beschte Wee fir ze wësse wat engem seng Kanner an de Butzemillen-Strukture maachen, ass déi vill Fotoen ze entdecken, déi vum Personal gemaach ginn. Eng privat Fotosgalerie weist den Eltere wat hir Kanner maachen, an en einfache Shop-System erlaabt hinnen, d’Biller erofzelueden oder gedréckte Versiounen, genau esou wéi och personaliséiert Gadgeten, heem geliwwert ze kréien.

Back

Nächste Projet

Lëtzebuerger Online Dictionnaire