Lëtzebuerger Online Dictionnaire

D‘Erausfuerderung
Den LOD ass déi eenzeg offiziell online Basis vun der Lëtzebuerger Sprooch a bitt eng grouss Sammlung vu Wierder completéiert duerch Iwwersetzungen, Beispiller an zousätzlech Erklärungen.
D’Haaptzil war eng technesch a funktionell Revisioun vum LOD ze gestalten, déi an intensiver Zesummenaarbecht mam ZLS konzipéiert gouf.
Weider Developpementer a nei Funktionalitéite ginn aktuell preparéiert.
De Projet
Eng komplett nei technesch Infrastruktur gouf gebaut fir déi existent Donnéeën ze veraarbecht an domat profitéiert den neien LOD vun enger séierer séierer Reaktiounszäit. Den Design gouf integral iwwerschafft a gëtt also e méi ëmfaassenden Iwwerbléck vun allen Informatioun.
Ëmfang vun der Aarbecht
UX Design
- Komplett nei Konzept mat Workshops fir Personaen z'entwéckelen an eng intuitiv Informatiounsarchitektur confirméiert duerch gudd Resultater aus Usability Tests.
Personaliséiert Schrëft an Iconen
- Optiméiert d'Liesbarkeet vun Detailer vun der Schrëft an handgezeechend Icons personaliséieren de Look and Feel vum neien LOD.
Entwécklung
- Gestioun vun enger grousser Datebank vu Wierder déi séier mussen zougänglech sinn a Resultater liwweren, souwuel op der Websäit an och iwwer API
Alles Wichteges op ee Bléck
Den LOD ass e ganzheetlech Konzept mam Zil d’Gesamtheet vun der Lëtzebuerger Sprooch online ze presentéieren.
D’Haaptfunktioune vum LOD stiechen ervir a bidden dem User zousätzlech Informatiounen.
Den LOD konzentréiert sech op Interaktivitéit an huet als Zil eng digital Communautéit fir d’Enthusiaste vun de Lëtzebuerger Sprooch opzebaue mat verbonne Linken op weider Informatioun a komplementar Funktionalitéiten.

Handgezeechent Ikonen an eng personaliséiert Schrëft
Mir hunn wéi 60 individuell Ikone gezeechent fir eng séier Benotzer-Orientéierung op der Websäit an an der Applikatioun z’ënnerstëtzen.
All Ikon gëtt op engem geometresche Gitter erstallt mat enger konsequenter Stréchbreet. Ausserdeem gouf d’Schrëft “Raleway” optimiséiert an duerno an “Lodway” ëmbenannt. Wéinst der Wichtegkeet vum Text maachen zousätzlech Detailer zu de Glyphen et méi einfach text-intensiv Passagen ze liesen

Méisproochegen Autocomplete
Mir si ganz houfreg op d’technesch Ëmsetzung vun der méisproocheger automatescher Vervollstännegung a Wuert-Erkennung.

D'Artikelen
D’Diversitéit vun der Sprooch gëtt illustréiert duerch vill Beispillsätz vun de verschiddene Bedeitungen an alle Sproochen.
