Bei den Haapt-Contenu sprangen
Fallstudie

Esch.lu

ux-design, web-design, entwécklung

  • Agence

    Lightbulb

  • Client

    Ville d'Esch-sur-Alzette

  • Produit online

D’Erausfuerderung

Fir eng schéin a benotzerfrëndlech Online-Präsenz fir d’Stad Esch-Uelzecht ze kreéieren an de Site méi iwwersiichtlech ze maache fir Visiteuren a lokal Awunner.

De Projet

Déi zweetgréisst Stad a Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, huet hir 10 Joer al Websäit missen ersetzen. Zesumme mat den Ekippe vun de Relations Publiques an der Informatik hu mir un engem ganze Redesign fir de Site geschafft an eng nei technesch Infrastruktur virbereet, fir an Zukunft weider Websäite fir d‘Escher Gemeng ze verëffentlechen.

Ëmfang vun der Aarbecht

  • UX-Design

    • Einfach Navigatioun fir all d‘Zilgruppen.
  • Web-Design

    • En neien Design baséiert op der aktueller visueller Identitéit.
  • Entwécklung

    • Eng WordPress-“Multisite“-Installatioun déi fir all zukünfteg Projete benotzt gëtt.

Alles Wichteges op ee Bléck

Wann ee Benotzer op d’esch.lu-Websäit geet, huet e véier verschidde Méiglechkeeten, sou datt mir kënne garantéieren datt jidderee seng spezifesch Besoinen erfëllt kritt. Et kann een déi ganz prominent Sich benotzen, decidéiere méi wäit an de City-Life- oder an den Administratiouns-Site anzedauchen, oder erof ze scrollen an erauszefanne wat Esch-Uelzecht ze bidden huet.

City Life an Administratioun

E lokalen Awunner, deen no Kontaktnummeren oder ganz spezifeschen Dokumenter sicht, huet aner Bedierfnesser wéi eng Persoun, déi wësse wëll, wat se zu Esch-Uelzecht wärend enger Visitt maache kéint. Zwee Sitte mat ënnerschiddlechen Inhalter a Looken, verlinkt vun enger gemeinsamer Startsäit a verbonne mat enger säitlecher Navigatioun, déi dem Benotzer d’Méiglechkeet gëtt, zréck op d’Haaptinformatioune vun der Startsäit a Form vu Panneauen ze kommen.

Besicht de City-Life-Site oder Administratiouns-Site.

Infrastrukturen

All d‘Infrastrukturen zu Esch-Uelzecht, wéi beispillsweis den “Escher Theater”, kruten hir eegen dediéiert Säit mat enger Beschreiwung an den nächsten Evenementer. Ausserdeem gëtt eng Këscht ugewisen, déi Ëffnungszäiten, méi Informatiounen, e séiere Link op Google Maps, Downloads a weiderféierend Linke regruppéiert.

Agenda

D’Zuel vun den Evenementer, déi zu Esch-Uelzecht stattfannen ass enorm. Dowéinst hu mir vill Zäit an den Agenda investéiert, fir et de Visiteuren einfach ze maachen, spezifesch Evenementer ze fannen oder einfach duerch déi kommend Evenementer, Typen an Deeg ze bliederen an eppes Neies ze entdecken.

Annuaire

Lokal Awunner musse vun Zäit zu Zäit a Kontakt mat enger spezifescher Persoun oder engem Service trieden. En Adressbuch léisst se d’Kontakter einfach fannen, déi se gesicht hunn, fir hinnen eng E-Mail ze schreiwen oder se séier unzeruffen.

PAP & PAG

Verschidde Säiteschabloune wéi d’PAG- a PAP-Säit ginn de verschiddene Servicer d’Méiglechkeet, hiren Inhalt op eng einfach Manéier virzestellen, a garantéiert, datt alles an den Design wéi och an déi visuell Identitéit passt.

Handy

Wann een eng Stad besicht, oder séier Informatiounen als Awunner kucke wëllt, maache Benotzer dat meeschtens mat Tablet oder Smartphone. Mir hunn alles gemaach, fir datt dëst Erliefnes sech esou gutt ewéi méiglech uspiert.

Back

Nächste Projet

Butzemillen