Wëllt Dir mat eis schaffen? Oder just Moie soen?
Rufft eis un um +352 20 21 10 00 oder schéckt eis eng E-Mail op info@lightbulb.lu

Besicht eis

68, rue des Prés
L-7333 Steesel
Lëtzebuerg

Kontaktéiert eis direkt

Johny Goerend
Marc Marchal
Michel Weimerskirch

Fannt eis op

Facebook
Twitter
Instagram
Linkedin

Legal Info

Autorisatioun: 10035855
RCS: B177011
TVA No: LU26101466
Conditions générales

Zréck

Suchtberodung Online

Am Dezember 2019 ass di innovativ Applikatioun „Suchtberodung Online“ vun der Jugend- an Drogenhëllef, IMPULS an dem cnapa ënnert dem Moto „Kompetent Hëllef ëmmer an iwwerall“ lancéiert ginn.
Dës Applikatioun ass eng zäitgeméiss Erweiderung zu de stationären an ambulante Servicer vun der Suchtberodung an -informatioun zu Lëtzebuerg.

Design, Entwécklung an technesch Ëmsetzung vu Lightbulb.

Person holding phone with Suchtberodung App

Konzept

Och an der Suchtberodung ass Digitalisatioun eng wäertvoll Hëllef a vereinfacht d’Zesummenaarbecht. D’SBO-Applikatioun (Suchtberodungonline) ass eng ganzheetleche Berodungsplattform, déi souwuel Konsumenten awer och soss interesséiert Persoune kënnen anonym benotzen. E registréierten Utilisateur ka säi perséinlecht digitaalt Tagebuch ausfëllen, eng Evaluatioun vu sengem Konsumverhale kréien, e Selbsttest maachen oder weider Informatiounen zum Thema Sucht, Suchtpreventioun an de Substanze kréien.

Consulting Phone Mockup Consulting attach selftest Mockup

Berodung

D’Applikatioun erméiglecht eng anonym Berodung wou en Utilisateur mat engem Expert an engem modernen Chat-Environnement kann a Kontakt trieden. Di eenzel Funktioune si matenee verbonnen, soudass Selbsttester kënnen op eegen Initiativ un de Beroder geschéckt ginn.

Selbsttest

De Selbsttest erméiglecht jidder Persoun, souguer ouni Umeldung, e Schnell-Test duerchzeféieren. Den Test ass eng webbaséiert Applikatioun déi opgrond vu verschiddene Critèren dem Benotzer en direkte Feedback zu senge Konsumgewunnechte vun der ausgewielter Substanz liwwert.

Fir de Selbsttest ass eng speziell Ergonomie entwéckelt ginn, an och eegen designte Pictogramme kommen hei an den Asaz.

Selftest Phone Mockup Alcool Selftest Phone Mockup Selftest Result Phone Mockup
Diary Overview Phone Mockup Diary Entry Phone Mockup

Tagebuch

Dës digitaalt Tagebuch ass en treie Begleeder vum Utilisateur, deen einfach ka seng Konsumgewunnechten dokumentéieren a sou säi Verbrauch zu all Moment ka consultéieren. D’Tagebuch kann - op Wonsch - mat engem Expert gedeelt an uschléissend beschwat ginn.

SBO Home Navigation SBO Menu

Navigatioun

Eng benotzerfrëndlech Navigatioun no UX-/UI-Design-Standarden ass an der ganzer Applikatioun ëmgesat ginn.

Selftest Status Icons

Ikonen

Fir den harmonesche Look ze optimiséiere si speziell fir dës Applikatioun Ikone vu Lightbulb designt ginn.

Diary Form

Formulairen

Strukturéiert Hëllef bei der Analys vun de Konsumgewunnechte bidde Formulairen, déi per Klick séier kënnen ausgefëllt gi fir dem Utilisateur e kompletten Iwwerbléck ze ginn.

Diary Progress

Evolutioun

Déi integréiert Evolutiounsanalys bitt dem Utilisateur e strukturéierten Iwwerbléck zu senger Consommatioun.

Landing Page Mockup

Websäit

Konzipéiert gouf dësen Tool extra als Applikatioun fir mobil Apparater fir ëmmer an iwwerall kompetent Hëllef ze kréien. D’Websäit www.suchtberodungonline.lu bitt all d’Funktioune vun der Applikatioun als Desktop-Versioun mat zousätzlechen Erklärungen an enger Presentatioun vun de Partner. D’Erofluede vun der Applikatioun steet hei am Mëttelpunkt.

info@lightbulb.lu +352 20 21 10 00