Remich
Den Awunner, an zukünftegen Awunner Réimech méi no bréngen: Dëst war d’Zil vun der Gemeng Réimech wéi si e neien Design fir hire Site gefrot hunn. Vu Bildung, bis Politik, hei kënne sech d’Visiteure net nëmmen iwwert déi lescht Neiegkeete vu Réimech informéieren, mee och iwwer all Déngschter, déi d’Stad offréiert.
DESIGN A KONZEPT
Fir dass d’Stad Réimech an hier Informatiounen am Virdergrond bleiwen, gouf den Design schlicht gehal. D’Zesummespill vu grousse Biller an Texter op wäissem Hannergrond erméiglecht esou dem Visiteur au Courant ze bleiwen iwwert d’News zu Réimech an einfach Informatiounen ze fannen.
ENG VEREINFACHTE NAVIGATIOUN
Fir dass de Visiteur esou séier wéi méiglech déi néideg Informatioune fënnt, goufen déi verschidde Rubriken op eenzel Säite placéiert. Hei ginn déi verschidden Themen méi am Detail traitéiert an all d’Froe beäntwert. D’Recherche vun Informatiounen gëtt duerch den Design vereinfacht: E grousst Bild lénks, e klengen deskriptiven Text an der Mëtt an eng Säiteleescht mat de wichtegsten Informatioune riets, deelen d’Säit an dräi Deeler op a weisen dem Visiteur genau wou d’Äntwerten op seng Froe stinn.

SICHFUNKTIOUN
Wann duerno nach Froen op stinn, kann de Visiteur d’Sichfunktioun benotzen. Well all d’Sichresultater kategoriséiert sinn, fënnt een einfach a séier entweder eng Säit, en Dokument oder e Kontakt.
NËTZLECH PANELS
D’Panels, déi vun uewen op d’Säit kommen, erméiglechen Informatiounen ze fannen, wéi zum Beispill d’Wieder zu Réimech oder d’Kontakter vun der Gemeng. Ausserdeem erméiglechen déi nëtzlech Panels och d’Sproch ze änneren an eng Kaart vu Réimech ze gesinn.
Mobil
Et war eis wichteg, dass de Site responsive ass, dat heescht, dass en sech op déi verschidde Schiermgréissten upasst. Esou gouf de Fokus op déi mobil Benotzung geluecht. Dëst erméiglecht dem Visiteur, iwwerall an zu all Moment Réimech online z’entdecken an déi néideg Informatiounen ënnerwee ze fannen.