UI-Designer*in
D’Ufuerderungen
- Staarkt Verständnis vun UX-Designprinzipien
- Kentnisser a reaktiven Designs a Standarden (responsive design)
- Akribesch Léift zum Detail an aussergewéinlech organisatoresch Fäegkeeten
- Iddien op den Dësch bréngen, Däi Standpunkt erklären a konstruktive Feedback entgéinthuelen
- Méi Projete gläichzäiteg balancéieren an Terminer anhalen, ouni an d’Schweessen ze kommen
- D’Fäegkeet, Meilesteng a Friste pünktlech anzehalen
- Bereetschaft ze léieren an nei Saachen auszeprobéieren
- Gutt Fäegkeet zur Teamaarbecht mat aneren Designer oder Entwéckler
- Excellent sinn am Sketch
- Gutt Sproochkenntnisser an Englesch (C1) oder Franséisch (C1)
- Ee Portfolio dat aus verschiddenen UX-Designbeispiller besteet
- Héich Qualitéitsstandarden an de Wonsch, eng angeneem Aarbecht ze leeschten
- 4+ Joer Erfarung an der Gestaltung vu Web-Interfacen/-Interaktiounen
Als Virdeel ugesinn
- Aner Sprooche wéi Lëtzebuergesch oder Däitsch
- Gutt Zilgenauegkeet mat Nerf-Guns
- Du hues Erfarung mat HTML/CSS
- Du schwätz gäre mat Leit, déi Däin Design an eppes Funktionales transforméieren
Deng Aufgaben
- Staark an innovativ Prinzipie vun der Organisatioun an Navigatioun definéieren
- Konzeptmodeller, Sitemaps, Flussdiagrammer, Wireframes a Prototypen erstellen
- Modern an innovativ Websäiten entwerfen
- Mat Designer*innen an Entwéckler*innen zesummeschaffen fir staark an effizient Plattformen ze schafen
- Mat modernen Outile wéi Sketch schaffen
- Däin Design zur Qualitéitskontroll begleeden, bis en online geet
Wat mir ubidden
- Relaxt an entspaant Aarbechtsëmfeld
- Uspriechend Méiglechkeeten
- Formatiouns-Budget
- All d’Outilen déis Du brauchs
- Kreativitéitsfrëndlech Bürosraim
- D’Méiglechkeet op der Grondlag vun eegenen Interessen an Ambitiounen ze wuessen
- Onbefriste Kontrakt (CDI)
- Salaire, deen un Deng Fäegkeeten an Deng Responsabilitéiten ugepasst ass
Wann s du mengs, prett fir d'Erausfuerderung ze sinn, schéck eis däin CV, e Motivatiounsschreiwes, Referenzen oder Open-Source-Aarbechten op jobs@lightbulb.lu. All d'Kandidature gi strikt vertraulech behandelt.
Mellen