Frontend-Entwéckler*in
D’Ufuerderungen
- Bachelor-Ofschloss oder äquivalent Erfarung
- Du muss gutt sinn am HTML, CSS (LESS/SASS) an JavaScript
- Gutt Teamwork-Fäegkeete mat aneren Entwéckler an/oder Designer
- Gutt Englesch-Kenntnisser (C1)
- Bereetschaft, ze léieren an nei Saachen auszeprobéieren
- Sech un eis existéierend Aarbechtsprozesser upassen
- E gutt Aa fir Design
- Erfarung mat Vue (oder Angular oder React)
Gutt ze hunn
- Erfarung an der Gestioun vu Sitte mat WordPress oder Drupal
- Mat Versiounskontrollsystemer geschafft hunn (Git oder SVN)
- Erfarung mat CSS-Animatiounen
- Aner Sprooche wéi Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch
Deng Aufgaben
- Perfekt Ëmsetzung vun engem Design an eng funktionéierend Websäit (Animatiounen abegraff)
- WordPress- an Drupal-Virlagen erstellen, baséierend op bereetgestallten Designs
- D’Entwécklung vu Frontend-Applikatiounen mat Vue
- Mat Designer*innen an Entwéckler*inne schaffe fir Problemer ze léisen
- Wärend dem Entwécklungsprozess techneschen a konzeptuellen Input fir Däin interdisziplinärt Team an de Client bereetstellen
Wat mir ubidden
- Relaxt an entspaant Aarbechtsëmfeld
- Uspriechend Méiglechkeeten
- Formatiouns-Budget
- All d’Outilen déis Du brauchs
- Kreativitéitsfrëndlech Bürosraim
- D’Méiglechkeet op der Grondlag vun eegenen Interessen an Ambitiounen ze wuessen
- Onbefriste Kontrakt (CDI)
- Salaire, deen un Deng Fäegkeeten an Deng Responsabilitéiten ugepasst ass
Wann s du mengs, prett fir d'Erausfuerderung ze sinn, schéck eis däin CV, e Motivatiounsschreiwes, Referenzen oder Open-Source-Aarbechten op jobs@lightbulb.lu. All d'Kandidature gi strikt vertraulech behandelt.
Mellen