Bei den Haapt-Contenu sprangen
Fallstudie

Restena

ux-design, web-design, entwécklung

  • Agence

    Lightbulb, Moskito

  • Client

    Restena

  • Produit online

D’Erausfuerderung

Parallel mat enger neier visueller Identitéit (erstallt vu Moskito), huet eng nei Versioun vun der Fondation Restena hirer institutioneller Websäit missen entworf an entwéckelt ginn, fir hir Expertis an hiren Know-How an engem frëschen a modernen Design ze weisen.

De Projet

Déi nei restena.lu Websäit entsprécht den aktuellen Navigatiounsstandarden, déi vun eisen UX- a UI-Experte konzipéiert gi sinn, an enthält Informatiounen déi vu klengen Animatioune belieft sinn iwwer all hir Aktivitéiten.

 

 

Ëmfank vun der Aarbecht

  • UX-Design

    • Benotzer-orientéierten Design an Navigatioun op Desktop an op mobilen Apparater.
  • Web-Design

    • Modern a faarweg Websäit mat villen eegen entwéckelten Icons.
  • Entwécklung

    • Baséiert op Drupal 8 entsprécht de Site allen techneschen Ufuerderunge vum Client.

Alles Wichteges op ee Bléck

D’Erausfuerderung fir déi nei Websäit war déi breet Palett vu Servicer ze presentéieren, a wichteg Informatiounen online fir déi dausende Benotzer vun de Restena-Netzwierker ze bidden. D’Websäit ass immens grafesch a visualiséiert d‘Inhalter op eng dynamesch Manéier.

 

 

Illustratiounen

Personaliséiert Illustratiounen, Grafiken, Symboler an Netzwierkkaarte ware speziell konzipéiert an doropshin an d’Websäit integréiert ginn.

 

 

Modular an zukunftssécher Websäit

Eng komplex Organisatioun wéi d‘Fondation Restena brauch eng flexibel Websäit, déi op hir eegen Initiativ adaptéiert, ëmgebaut an ausgebaut ka ginn. Och kuerzfristeg Ännerunge sinn am CMS méiglech.

Online-Support

D’Organisatioun bitt eng grouss Sektioun mat zousätzleche Support-Informatioune mat enger kompletter FAQ, enger breeder Palett vun Dokumenter an en ausgedeente Glossaire.

Handy

Ee Site mat esou villen Inhalter muss gutt geplangt a fir mobil Apparater entworf sinn, dofir hu mir e Fokus op e gutt funktionéierende reaktiven Design gesat.

Back

Nächste Projet

Esch.lu