Réimich

D’Erausfuerderung
Mat engem neien digitale Konzept wollt d’Gemeng Réimech engersäits d’Stad – mat engem Informatiounsportal – den Awunner e Stéck méi no bréngen an anerersäits de ville Visiteuren aus dëser schéiner touristescher Regioun – mat enger zweeter, dediéierter Websäit.
De Projet
Déi nei Online-Presenz vu Réimech, enger moderner Stad mat vill Patrimoine, muss d‘Besoine vun zwou komplett verschiddene Ciblen erfëllen; Awunner aus der Gemeng genau esou wéi national an auslännesch Touristen.
Engersäits hu mir fir d’Bierger e soberen an einfache Site entwéckelt, voll mat Informatioun, Billergalerien, Neiegkeeten an Dokumenter, déi nëtzlech fir den Alldag sinn.
Op der anerer Säit fir Visiteuren e faarwege Site, mat ville Biller, deen de Fokus haaptsächlech op Aktivitéiten an Evenementer leet, déi en Openthalt zu Réimech sou agreabel wéi méiglech maachen.
Ëmfank vun der Aarbecht
UX-Design
- Einfach ze navigéiere fir Awunner an Touristen.
Web-Design
- Zwee verschidden Designen, baséiert op engem gemeinsame Fundament.
Entwécklung
- Eng WordPress-“Multisite“-Installatioun fir eng einfach Maintenance.


Agenda
Wéinst der grousser Zuel u verschiddenen Inhaltstype war d‘Strukturéierung vun den Informatiounen eng Haaptsuerg vun eis. Réimech gëtt sengem Ruff als Touristenhotspot un der Musel mat engem schéi gefëllte Kalenner gerecht, an dofir ass den Agenda eng zentral Plaz op béiden neie Siten.

Nëtzlech Panneauen
D’Panneauen, déi vun uewen no ënne rutschen, erlaben de Visiteuren nëtzlech Informatiounen ze fannen, wéi d’Wieder zu Réimech oder d’Kontaktdetailer vun der Gemeng. Si erlaben och, einfach vun enger Sprooch op déi aner ze wiesselen an eng Kaart vun der Stad ze gesinn.

Informatiounsinstrumenter
Awunner vu Réimech kënnen online eng breet Palett un Informatioune fannen, inklusiv engem Online-Reider, Publikatiounen an Eventer wéi och Newsletteren an Abonnementer op verschidden Agendaen.

Sich
Wann nach Froe bleiwen, kënnen d’Benotzer de Sichpanneau benotzen, op deem all d‘Sichresultat kategoriséiert sinn, wat en einfachen Zougank zu Säiten, Dokumenter oder Kontaktdetailer erlaabt.

Handy
Mir wollten de Fokus vun der Websäit op de mobilen Asaz an e reaktiven Design setzen, dat heescht, datt de Site sech op all Typ vu Bildschierm upasst. Dëst erlaabt et de Visiteuren, Réimech online iwwerall an zu all Zäit ze entdecken. Ausserdeem kënne se och wichteg Informatioun iwwer Réimech ënnerwee fannen.
