Bei den Haapt-Contenu sprangen
Fallstudie

Creative Cluster

ux-design, web-design, entwécklung

D’Erausfuerderung

2018 hate mer déi flott Méiglechkeet fir an Zesummenaarbecht mat 101 Studios um Creative Cluster Site ze schaffen. Et sollt eng interaktiv Platform ginn fir déi Kreativ zu Lëtzebuerg informéiert ze halen, hinnen ze hëllefen Projeten ze fannen, Zesummenaarbechten ze promouvéieren an d’Leit aus der Branche zesummen ze bréngen.

De Projet

D’Websäit ass voller klenger Funktioune wéi Filteren, Sich-Maschinnen an Animatiounen, déi d’Erfliefnis fir de Benotzer flott, mee och praktesch maachen.

Ëmfank vun der Aarbecht

  • UX-design

    • Séier ze fanne wat ee sicht.
  • Web-Design

    • Exzellent visuell Qualitéit fir de kreative Secteur.
  • Entwécklung

    • Eng Drupal-baséiert, interaktiv Websäit.

Startsäit

Kuerz Intro a Form vun engem Slider mat just 3 Biller, mat groussem Fokus op d’Sich-Funktioun.

Community

D’Community-Sektioun fir ze weise wat an dem kreative Sekteur leeft.

Agenda

E Kalenner fir ze weisen wat fir Evénementer stattfannen.

E Kreative fannen

Eng Kaart déi all Member op enger Kaart weist, fir déi ze fannen, déi net wäit ewech sinn.

D’Community

Dës Säit kann ee bezeechnen als d’Häerzstéck vun der Websäit. Se weist alles wat wichteg ass: Vun neie Memberen iwwer Job Offeren an Zesummenaarbechten. De Filter gëtt dem Visiteur d’Méiglechkeet ze decidéiere wat e wëll gesinn, vue dass vill Contenu do ass fir duerch ze scrollen.

Agenda

Hei fënnt een all Evenement dat mam kreative Sekteur ze dinn huet. Op enger klenger mee nëtzlecher Zäitschinn gesäit de Benotzer direkt wéi eng Evenementer an den nächsten Deeg a Wochen op e waarden.

Mobil optiméiert

Mi hu vill Zäit dra gestach fir ze plange wéi een dëse Site op mobilen Apparater notzt. Dofir hu mer vill Elementer spezifesch fir kleng Apparater entwéckelt, wéi z. B. d’Plaz vun den Navigatiouns- an de Sich-Knäppecher.

Neie Contenu

Neie Contenu erop ze lueden ass natierlech och wichteg fir Memberen. All registréierte Member kann hei Artikelen, Job-Offeren, Opriff fir Zesummenaarbechten a Projeten dobäi setzen.

Back

Nächste Projet

FEDIL écho