Wëllt Dir mat eis schaffen? Oder just Moie soen?
Rufft eis un um +352 20 21 10 00 oder schéckt eis eng E-Mail op info@lightbulb.lu

Besicht eis

68, rue des Prés
L-7333 Steesel
Lëtzebuerg

Kontaktéiert eis direkt

Johny Goerend
Marc Marchal
Michel Weimerskirch

Fannt eis op

Facebook
Twitter
Instagram
Linkedin

Legal Info

Autorisatioun: 10035855
RCS: B177011
TVA No: LU26101466

Zréck

Visit Remich

D’Réimecher Gemeng wollt eng komplett Reorganisatioun vun hirer Onlinepresenz. Mir goufen domat beoptraagt en neit Konzept, sou wéi e Redesign vun hirem Site ze maachen. “Visit Remich” ass deen éischte vun dräi Siten, a leet säi Fokus op Tourismus wéi och op d’Ëmgéigend vu Réimech.

Web Design & Programméierung vu Lightbulb
MDN

En neien Design

Ëmkreest vu Wäibierger a Bëscher ass Réimech den Zentrum vum Lëtzebuerger Wäibau, a bei Touristen net nëmme wéinst de gudde Wäiner mee och wéinst der schéiner Vue op d’Musel an den onzielegen Aktivitéite beléift. Dëst mécht Réimech zu eng vun de meescht besichte Plazen un der Musel, an huet et fir eis ëmsou méi wichteg gemaach dës schéi kleng Stad an eisem Design attraktiv ze presentéieren.

De frëschen, neie Look

Déi knalleg Faarwe ginn der Gemeng ee modernen, frëndleche Look an déi schéi grouss Fotoe gi Visiteuren direkt eng éischt Idee vun der Stad Réimech. Verschidden Animatioune bréngen Interaktiounsméiglechkeeten erfier a féieren de Visiteur duerch de Site. Obwuel de Site modern a visuell flott sollt ginn, war et eis enorm wichteg, dass de Contenu och einfach a verständlech presentéiert gëtt, sou dass een einfach navigéiere kann an och ëmmer dat richtegt fënnt.

Eng einfach Navigatioun

Déi verschidden Aktivitéiten déi een an der Gemeng Réimech maache kann, sinn alleguer kategoriséiert, sou dass ee ganz einfach déi Evenementer an Aktivitéiten aus sengem interessebereich fanne kann.

Verschidde Panneauen déi vun uewen an d’Säit falen, sinn ëmmer an iwwerall accessibel a ginn dem Benotzer en Iwwerbléck iwwert d’Wieder oder wichteg Kontaktadressen.

Informatiounsstruktur

Wéinst der grousser Quantitéit vu verschiddensten Inhalter, déi all anescht hu missen ugewise ginn, war d’Organisatioun vun dësen eisen Haaptfokus während dem Projet.Réimech ass déi populäerst Touristendestinatioun un der Musel an offréiert déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zu, wéi och ronderëm, Réimech. Aus dësem Grond krut den Agenda eng zentral Roll um Site a gëtt och direkt op der Startsäit ervirgehuewen.

Ee lokalen Annuaire

Nieft den Aktivitéiten an Evenementer ass de Site och do fir déi verschiddenst Kontaktadressen erfier ze hiewen. Et fënnt een dofir um Site d’Adresse vu Restauranten, Hoteller sou wéi och de lokale Wënzer déi Réimech zu deem maache wat fir Touristen esou interessant ass.

MDN

Responsive an Accessibel

Sou wéi fir all eis Site, war et eis wichteg ee Site ze maachen deen accessibel ass an deen och op de verschiddensten Apparater schéin a gutt ugewise gëtt. Dofir hu mir eng “mobile first” Approche benotzt wou eise Fokus op mobillen Apparater wéi Handyen an Tablett loung. De Site ass esou opgebaut, dass problemlos nei Sproochen derbäi komme kënnen. En ass op Lëtzebuergesch an Englesch online gaangen, Däitsch a Franséisch wäerten nach geschwënn nokommen.

info@lightbulb.lu +352 20 21 10 00