Wëllt Dir mat eis schaffen? Oder just Moie soen?
Rufft eis un um +352 20 21 10 00 oder schéckt eis eng E-Mail op info@lightbulb.lu

Besicht eis

68, rue des Prés
L-7333 Steesel
Lëtzebuerg

Kontaktéiert eis direkt

Johny Goerend
Marc Marchal
Michel Weimerskirch

Fannt eis op

Facebook
Twitter
Instagram
Linkedin

Legal Info

Autorisatioun: 10035855
RCS: B177011
TVA No: LU26101466

Zréck

Avocado

De Re-Design vun Avocado.lu war de gréissten a komplizéiertste Projet dee mir bis elo gemaach hunn. Wéinst all den neie Funktiounen déi Avocado sech op hirem neie Site gewënscht huet, a wéinst de visuellen an technesche Limitatiounen déi et um aktuelle Site goufen, hu mir decidéiert d’Websäit quasi vu Grond op nei ze designen an ze programméieren. Eng enk Zesummen-Aarbescht mat Avocado huet eis gehollef eng visuell flott Säit ze gestalten, déi fir Avocado an och fir d’Visiteuren einfach ze benotzen ass.

Design & Programméierung vu Lightbulb

Wireframes

Beim Re-Design vum Site loung eise Fokus op der Benotzer-frëndlechkeet an der Benotzer-Experienz. Visiteuren solle ganz einfach d’Produkter vun Avocado entdecken, eenzel Iesskëschte bestellen, oder sech aschreiwen fir regelméisseg beliwwert ze ginn.

Obwuel d’Homepage an d’Säiten vum viischten Deel wichteg si fir nei Benotzer, loung eise Fokus an dëser Phas virun allem um Benotzerprofil an um Wuerekuerf.

Design

Den neien Design sollt einfach a modern sinn, an dobäi awer dem Visiteur déi gesond Iessens-Welt presentéieren déi en hei betrëtt. Liichtend Faarwen, wéi zum Beispill d’Avocado Orange anGréng op hellen Hannergrënn, sou wéi schéi Fotoe vun gesondem Iessen, begréissen de Benotzer a leeden a begleeden en duerch d’Websäit.

D’Bäisetze vu wäisse Faarf-Spritzer op de Fotoen, maachen d’Relatioun vun de verschiddenen Inhalts-Beräicher mat hire passende Fotoen. Gréng an Orange Waasserfaarf-Flächen ginn dem viischten Deel vun der Websäit zousätzlech Déift an eng agreabel Athmosphär.

Avocado Iesskëschten

Mir hu vill Iwwerleeungen an d’Art a weis geluecht wéi déi verschidden Iesskëschten mat all hire Varianten am beschten am Avocado Shop ugewisen ginn, dem wichtegsten Deel fir Avocado.

Eng kuerz Erklärung vun der Këscht, e puer Rezepter vun den nächsten 2 Wochen an natierlech eng einfach Méiglechkeet fir de Benotzer eng spezifesch Box-Variant an den Wuerekuerf ze leeën, hunn hei net dierfen feelen.

E Filter, ganz uewen op der Säit, gëtt de Benotzer d’Méiglechkeet sech spezifesch Iessens-Präferenzen oder Këschten fir eng bestëmmten Unzuel vu Leit uweisen ze loossen.

Wann ee mat der Maus iwwert d’iPad hei nierwendru fiert, da kritt een eng kuerz Impressioun wéi et um realen Site ausgesäit. Et ersetzt natierlech näischt déi richteg Benotzer-Experienz déi een um Site selwer huet, gitt also eng Kéier kucken.

De Wuerekuerf

Beim Checkout vum Wuerekuerf loung eise Fokus op einfachen Ännerungen sou wéi enger gudder Iwwersiicht fir d’Benotzer.

An engem éischten Schratt gesäit ee seng aktuell Akeef mat einfache Méiglechkeeten fir den Liwwerdatum an d’Frequenz ze änneren.

Drënner kritt de Benotzer, dee schonn agelogged ass, eng Iwwersiicht vu senger aktueller Adress a senger aktiver Kreditkaart. Wann een dës änneren misst, kann een dat mat engem einfache Klick maachen, wann awer alles richteg ass, geet et duer dass ee seng nei Bestellung ganz ënnen op der Säit bestätegt.

Nei Benotzer kënnen och ganz einfach Iesskëschten an den Wuerekuerf leeën an dann, am zweete Schratt vum Checkout, hire Kont erstellen.

Een nach méi einfache Facebook-login fënnt een natierlech och.

Mobile first

Méi wéi 50% vun den Avocado-Visiteuren ginn de Site iwwert en Handy oder en Tablet kucken. Et war eis dofir besonnech wichteg, dass de Site och op dësen Apparaten gutt ausgesäit an einfach ze benotzen ass.

Abonnementer

Am neien Design krut den Beräich wou d’Benotzer hir aktuell Abonnementer gesinn an änneren kënnen, besonnech vill Opmierksamkeet. De Benotzer soll ganz einfach den Typ vun senger Iesskëscht ännere kënnen awer natierlech och d’Frequenz vun dëser, de Liwwerdatum an natierlech d’Adress wuer alles geliwwert soll ginn.

Fir d’Benotzer-Experienz ze verbesseren hunn mer eis op d’Design Prinzipien vum “Material Design” vun Google baséiert.

"All Aktioune geschéien an engem bestëmmten Beräich. Nei Objeten ginn dem Benotzer presentéiert ouni d’Kontinuitéit vun der Experienz ze ënnerbriechen, esou guer wann dës sech veränneren oder nei organiséieren."

Verschidden Panneauen kommen vun der Säit era gerutscht, a ginn dem Benotzer zousätzlech Optiounen, ouni dass dësen vun enger Mass vun Optiounen erschloe gëtt. Wann Dir mat der Maus iwwert d’Bild lenks fuert, kënnt Dir gesinn wéi dëst duerno ongeféier ausgesäit.

info@lightbulb.lu +352 20 21 10 00